| Iwwer mech |
|
Ma et wor emol viru laanger .... Nee, viru ganz laanger Zäit ee klengt Sylv mat villen Hobbyen ....
...Datt wor alles vru menger Infektioun mam Pärelevirus Bastelen, Bitzen, Strécken, Facepainting, Filzen, Scrapbooking, Encaustic, Käerze géissen, Floristik, Seidemolerei, Aquarell an Acrylmolerei, Matt Holz a Lieder bastelen, etc, etc.... (onst Anne huet eng ganz Lëscht, a behaapt die wier nach vill vill méi laang et gëtt kee Rayon am Bastelbuttik wou ech mech net auskennen, keng Technik déi ech net schonns mol ausprobéiert hunn. Alles Hobbyen die flott sinn an och vun Zäit zu Zäit Spaass maachen, Mee ëtt wor nach keen Hobby derbäi fir den ech géing eng Homepage maachen. Op d´Glaspärele sinn ech duerch Zoufall gestouss. Iergendwann Enn 2005 hunn ech ee Cours gemaach, mir ee Brenner a Glas kaaft an hunn heiansdo puer Pärele gedréint. 2 Joer wor et een Hobby méi, an der laanger Rëtsch vun Hobbyen an du koum de Virus.... Zenter engem gudde Joer ass et deen Hobby dee mech Dag a Nuecht begleet (jo ech dreemen Nuets dervun!) iwwerall fannen ech Inspiratioun, et ginn nach esouvill Pärelen an och Bijou´en di iergendwou a menge Gedanke sinn a jüst drop waarden dass ech endlech mol Zäit hunn se ze maachen. |